Emergenza Reactions 2003

What a nice surprise it was when only a few days after the first Emergenza concerts my mailbox started flooding with musicians who wanted to share their opinion about my most objective way of reviewing music. But seriously, DisAgreement Online isn't about being objective in any way. When I don't like a band, I say so, even if my language drops to faecal levels at time.

As we don't have a guestbook on this page (I prefer getting straight mail, and guestbooks are flooded to quickly with all kind of stupid spam), I decided to put the Emergenza related emails on this page. I haven't edited a word, nor is there any translation, neither do I comment publicly. Just read, and have fun.

The very first email was from the Mighty Pussy Lickers. Just a foretaste of what was to come

Mighty Pussy Lickers

merci vir dei genial review! hun treinen an den aan!

nerver ending pussy licking!

Next to email me was Nowhere Fast only one day later on February 10. Fast reactions, guys, and a sense for the music-historical past of Luxembourg.

Nowhere Fast

Salut,
Hun graad den review vum Emergenza gelies,
respekteieren voll är Meenungen an Iwwerzeechungen!
Just eppes huet mech en beschen gesteiert: Mär hun
secher den Grunge net mam Cobain senger Biography
endeckt an och net mam Greatest Hits Album, mais bon
who cares anyway... dem Rescht vun der Kritik kann ech
souguer zoustemmen. Mär sinn eben nët sou originell
wei Mighty Pussy Lickers oder senger Zait Ulrich W.
Modreck ;o) oder Ede Wolf...

In diesem Sinne,
Hub vun "Nowhere fast",
Nolauschterer vum den "Daiwelen" an een deen
"Disagreement" nach op Papbeier aus dem LHCE kennt

February 11, I got an email from the CorrXion vocalist. I don't know if I got everything right there so far, but I think these guys really like me.

CorrXion

bjour mossiö

also, ech well dir jo net ze no trieden, me lo mol eierlech, wei kenns du drop fir sou krank saachen ze schreiwen!?
ech mengen, et ass jo ok wann dir eis msek net gefällt, jidderengem saint, me dann soueppes ze schreiwen....dat ass einfach nemmen krank! mengentwegen kanns du dat jo och na denken, me du brauchs et net op den internet ze setzen oder sou!
eng kritik ass emmer wellkomm, an dengt dozou fir dejenegen deem se gemenzt ass weiderzebrengen an unzestachelen fir besser ze gin an sech ze verbesseren!
me dat wats du do brengs, eierlech, dat ass niveau spillschoul.....dat ass schon net nemmen mei blöd me einfach nemmen krank!
also wanns du dech sou an dengem liewen langweils......
ass dir eigentlech na nie an den kapp komm, dat dei leit dei di musek man spaas domat hun? vlait bedeit hinnen dei musek jo eppes! dat ass fill mei wei nemmen musek, dat ass eppes ganz perseinleches, an do ass et jo egal weieen stil vun musek dat ass!
also entweder du hues na nie sou wait geduecht, oder du bass einfach nemmen neideg!
dat ass meng ganz perseinlech meenung, an kuck, ech brauch se net irgendwou op eng hp ze publizeieren, ech schreiwen dir einfach eng mail, well et mech eierlech gesot einfach intresseiert wat dat fir en mensch ass deen soueppes schreiwt!

sängerin vun corrxion

Rocco from LDC sent me an email on February 12. I don't know yet if he really means it's interesting or if he's being ironic... or just feeling lucky LDC didn't play this year and get in my journalistic crossfire?

Low Density Corporation

hello, hello
hunn d'Räzensiounen vum Emergenza gelies. Interessant interessant.......
rocco vun ldc

Good to see that the second week also generated some comments. Spyglass were the first ones to email me.

Spyglass

Tsalut!

Wollt just merci soen fir d'critique vun spyglass! cool eierlech meenung!
eng besser critique konte ma net kreien! thanx!

spyglass...

When I thought already that the emailing was over, I got another comment by Soul Season's vocalist Emi on February 18th. Soul Season may not have reached the semi-finals, but they will still be around when a lot of this year's newcomers will have vanished in footnotes of local musical history books.

Soul Season

Ola Pacqual,

Ech kann jo nët Merci soen daats'du déng éierlesch Meenung iwert eis geäussert huess ... .

Dofiir ... fuck you! (daat wor fir méng Mature-Box op déier's du neidesch bass) ;O) Vläischt hätt soulseason ët nët neidesch gehaat do ze spillen ... méiglesch ... mä mir haaten e secret Deal mam Dépositaire vun der Kufa: Wann mir acceptéiert hätten um 8 ze spillen dann hätte mir 5% kritt vum Bénéfice vum Béier deen teschent 8 Auer an 8 Auer 25 verkaaf gi wir; den Depositaire kruut vun ènger geheimer Quell gesoot daat's du komme géift wann mir um 8 spille géifen. Iwregens schreiwen ech dir elo vun den Seychellen ... dank den 5%

Ech (mir all vun soulseason) free mech déck kënnen geschwënn erëm an Ärer Sendung ze sin (wann méng Knachen mech nach packen (wéinst dem Alter)) fir Solution:Confusion firzestellen.

Long life to Disagreement and "Der Daiwel"
Emi

That very same day, Myein always commented on what we had to say on these pages. It seems we have found some more CorrXion fans out there.

Myein

I read your reviews about the Emergenza and I'm glad that not everyone writes what people want to read. Your comments about correXion make me laugh so loud, I wonder what my neighbourgs think I'm doing :) hear from what we do.It's pretty cool when somebody says things as they are. If I get told "you were the best tonight", except replying with a smile and a "thank you", I can't really know what people (from outside) I must admit that I was pretty scared when I was scrolling down, but I was positively amazed by your comments.

Take care!
Serge
(Myein)

One day later, on February 19th, I got this nice email from Ophidian. No homepage yet, but let's hope they have it ready by the time they make it to the finals.

Ophidian

Salut onbekannten Kritiker,

Ma´ech wollt mech am Numm vun Ophidian fir déi lekker Kritik do bedanken, hun gemierkt dass du keen Blaat virun den Mond hells,gesin dofir eis Kritik als objektiv an éierlech un ( fennt een nett oft).

Bis an der Halleffinal... Salut,

Ophidian.

Max Frantzen

That same day, I got another email from an Ophidian member who also played conga drums with Puma who won the preselections last Saturday.

Ophidian, Puma!

sau cool deng kritiken
merci fir dei gudd kritik fir ophidian an dei absolut corekt fir puma !
daat ass alles net sou falsch waat do sou steet (och wann et fleit fir puer banden bessie hard ass !!! seu schlemm ass och remm keng !! me daat ass awa mega witzech !)
gudd also maach weider seu an ech hoffen ech kann nach mei sou liersen
MAX (ophidian,puma!)

And on we go, it's Thursday, February 20th now. Today I got this really special fan mail. I think I have found finally a new best friend. If I get more of these happy people mail, I really need to work out on my body. Read and enjoy the limitless depths of human inventiveness.

(my new best friend)

Jojo, et as dach emmer dat selwescht. Die di eng gutt Kritik kruten schreiwen: "Merci fir di cool objektiv Kritiken, fannen dech mega, blablabla..." an di eng schlecht kruten schreiwen "Du bas jo mell; du spenns, du bas krank...."

Ech soen, loosst ierch dach net vun esou eppes beandrocken! Di asozial Sait hei geet dach soss keen, ausser d'Musiker di drop sin, kucken! (An duerch zoufall ech och eben) Dofir as et schaissegal wat hei steet, well et vun irgendenger onbekannter Paiff geschriwen gouf di jo souwisou naischt ze soen huet. Dofir un d'Saengerin vun CorrXion: net opreegen! Kuck, wann den Michael Jackson misst op all seng Kritiken aentweren, da wier d'Sau ab elo nach 100 Joer amgaang.

An wat huet deen Pascal do schon esou groussarteges emgerappt? Ausser vill Beier gesoff an eng belleg Website designed, net vill. Ah jo, an en "schafft" jo nach beim ARA, uuuuhhh, stolz, stolz! Dofir, loss dech net vun irgendengem Punk-Anarchist ennerkreien, deen mengt, mat senger Meenung d'Welt ze revolutioneiren. Di sin dach schon virun 30 Joer ausgestuewen.

An wannz de dech awer vun him ugesprach fills (dat well hien jo ereechen) an du fenns seng Kommentaren net gutt, dann schlo d'Sau dach einfach op d'Maul! An wannz de méngs alléng kriss de dat net hin, e-mail mer (stevegobbes@hotmail.com), ech kreien schon genuch Leit zesummen fir dat ze mahn. Ausserdem as et jo vill mei cool d'Sau ze puer ze zerschloen wi alléng. An deem Senn,
alles Guddes!
Steve

Friday 21st February 2003. More mail again, friendlier this time, from a Short[k]ut and Fast Friday musicians. Too bad Fast Friday didn't make it into the semi-finals, but we can still vote for Short[k]ut.

Short[k]ut, Fast Friday

wollt der just villmols merci soen fir dei kritiken dei s de schreiws. oft schwäts de mier aus dem haerzen. daat beweist och daat net onbedingt dei beschten bands um emergenza weiderkommen, mä daat sin eben d spillregelen. wei gesot merci an bleiw weider sou eierlech.
Jan (sänger vun fast friday an guitarist vun short[k]ut)

Saturday, 22nd February 2003. Email from Couchgrass. This is a band you really need to check out in the semi-finals.

Couchgrass

wow, wat huet är Kritik eis opgebaut. Mir haaten schon gemengt, et giing keen eisen Dilettantenrock apreciiiren. Et deet gudd, ze mierken, dass et Leit gin, dii verstin, daat mir virun allem Spaass mat eiser Musek wellen hun. Och wann mier vläit an technescher Siicht un vill aaner Bands, dii beim Emergenza matmaachen, net erukommen.
Duerfir freen mir eis och wii d'Idioten, daat mer weiderkomm sinn, an sin gespaant, wii et an der nächster Ronn weidergeet.

Claire an Vicky vu Couchgrass

Wann soss een vläit d Bedierfnis huet, eis eppes matzedeelen, ob positiv oder negativ, deen kann eis op couch_grass@hotmail.com schreiwen

Sunday, 23rd February 2003. Apparently no day without an intelligent comment. Today we are proud to pube-lish on this page an intellectual contribition from the faboulous, overwhelming Mighty Pussy Lickers.

Mighty Pussy Lickers

Ech well lo och ann d'Kritikensectioun, jidereen steet do, lo well ech och, hehe
PPPPPuuuuuuuuuuSSSSSSSSSSSSSSSSSSyyyyyyyyyyyyy
Disagreement herrschen
Kleeschen vun den Pussylickers

That same day, Lex received an email from Get Up Music head and Luxembourg's Emergenza organiser Sascha Lang. Here's what he had to say:

Get Up Music

Salut Lex
Salut Pascal

Nun ja, ech wor mer dann elo mool alles uliersen!
Wat soll ech soen?
Den fkt dass keng éischt Band weider komm as as net ganz falsch, mee et hu Bands un éischter Positioun gespillt déi zimlech vill Tixen verkaaf hunn ausser Soul Season!
Mee Pascal to be honnest! däin Virschlag as net schlech!
Du muss ower och zuginn, das mer probéieren d'Leid éischt zekréien z.b. Happy Hour!
Firwat kommen d'Leid net éischter?
Zu onser freet, sinn dest Joer net nemmen Bands weiderkomm déi vill kollegen haaten z.b. D-Fact oder Shortkut, Spyglass ...
Et as keng Band gewonnen déi déi meescht Tickets verkaaf hat, souguer net Lifewire!
Strangers woren den 15.02.03 déi mat denen meeschten Tix - ma wou sinn se dann?

Als Repechage hätte mer gären vum Samsden 15.02.03 6 Bands matgeholl, mee daat hätt vill Diskussioun mat sech bruescht!
Nomad's Land - Soul Season - dat wor d'fro!
Nomad's land guffen erausgewierlt, well se nach méi Newcomer sinn wéi d'Jungs vun Soul Season!
An och wann ech mech exzellent mam Emi verstinn, esou wor daat keen Argument fir si zepuschen!

Monday, February 24th. My new best friend, who's probably still looking for people to beat me up, received a reply that was cc'ed to me. Nice to see that there are people who are not as easily upset as my Mr Gobbes.

A reply to (my new best friend)

Steve (oder wéi och ëmmer),

Du huess guer nèischt verstann ... . An daat huess du dir selwer bewisen. Du bass frei ze mèngen an ze schreiwen waat och ëmmer du schreiwen an mènge wëlls. An esou fräi ass den Pascal vun disagreement och. An iwregens ech och zentert ech dein ... whatever ... geliess hun.

Wéi èng Päif ... gefëmmt solls du gin ... an vergiess solls du gin.

Disagreement.net an Ara wärten fir d'alternativ an déi generell Muséks Szeen weider nach Joeren an Joeren schaffen an existéieren ... (wéi ët bis haut de Fall wor) ... wäll Leit eben do sin déi daat waat de Pascal (a sei Bruder) schreivt oder seet (wéi och emmer) interssant fannen.

----------------------
Hei nach méng objectiv Kritik iwert dénger Contributioun:

...

Ech soen (I TELL YOU ...), loosst ierch dach net vun esou eppes beandrocken! >>> GUDD DAAT'S DU GRAAD DEEN BASS DEEN SECH NET BEANDROCKE GELOOSS HUET!

Di asozial Sait hei geet dach soss keen, ausser d'Musiker di drop sin, kucken! >>> HUESS DU SCHONS GECHECKT WEIFILL MUSEK A MUSEKER DESST SAIT(EN) AN SECH HUN? (disagreement besteet aus méi wéi just 1 Säit) DEN ASOZIALEN OP DESER SÄIT BASS DU.

(An duerch zoufall ech och eben) >>> KEEN MUSEKER ... ENG PÄIF!

Dofir as et schaissegal wat hei steet, well et vun irgendenger onbekannter Paiff geschriwen gouf di jo souwisou naischt ze soen huet. >>> ET SIN AWER KOMERGERWEIS VILL LEIT DEI DISAGREEMENT.NET, DER DÄIWELEN ..., ... VISITÉIEREN, KENNEN, LAUSCHTEREN ... DU ANSCHEINEND OCH ODER?

Dofir un d'Saengerin vun CorrXion: net opreegen! Kuck, wann den Michael Jackson misst op all seng Kritiken aentweren, da wier d'Sau ab elo nach 100 Joer amgaang. >>> DOWEINST SCHLEIFT DEN MICHEAL JACKSON AN ENGEM SAUERSTOFFSARG ...

An wat huet deen Pascal do schon esou groussarteges emgerappt? Ausser vill Beier gesoff an eng belleg Website designed, net vill. Ah jo, an en "schafft" jo nach beim ARA, uuuuhhh, stolz, stolz! Dofir, loss dech net vun irgendengem Punk-Anarchist ennerkreien, deen mengt, mat senger Meenung d'Welt ze revolutioneiren. Di sin dach schon virun 30 Joer ausgestuewen. >>> WAAT OCH EMMER DEN PASCAL ASS A MESCHT ... HIEN BRAUCHT KENG FAKE ADRESSE (AN OCH NET SENG GROUSS SCHWESTER ODER SEI BRUDER) FIR SENG MEENUNG ZE SOEN ...

An wannz de dech awer vun him ugesprach fills (dat well hien jo ereechen) an du fenns seng Kommentaren net gutt, dann schlo d'Sau dach einfach op d'Maul! An wannz de méngs alléng kriss de dat net hin, e-mail mer (stevegobbes@hotmail.com), ech kreien schon genuch Leit zesummen fir dat ze mahn. Ausserdem as et jo vill mei cool d'Sau ze puer ze zerschloen wi alléng. An deem Senn, >>> DU BASS BESTEMMT E PARTISAN VUN BUSH. DEIN GEJEIMERTS ERENNERT MECH UN SENGER ANTI-TERRORALLIANZ ODER ESOU EPPES ... . OP ALLE FALL, ES SEI GEWUSST, DU KRISS KEEN GEBLOSEN VUN DER SÄNGERIN VUN CORRXION ... JUST WÄLLS DU SENG VERTEIDEGUNG HEI HUELE WELLS. PROBEIER ET MAT BLUMEN ODER BÉIER.

AN DESEM SENN ...

Wednesday, 26 February 2003. Chief Marts sent this email to me. If anyone makes sense of the first two lines, feel free to explain them to me.

Chief Marts

Als der Frühling uns hat gesandt,
Schokopapier aus Tannenbaum verbrannt.

Schei Kritiken...cool seit...gemüterlech sendung...cosmic hello

t'schief
märz

It's been rather quiet here for some days, but then the preselections have been over for some weeks already. On March 5, I got this information from Ophidian who finally have established their long anticipated website.

Ophidian

Salut,

Ma ech messbrauchen dess Säit lo mol ganz krass fir Schläichreklamm (klengt iergendwéi schäiss, deen ausdrock op letz....nujee...).
also: haalt d'aaen an d'oueren op, ophidian waren am studio....geschwenn ass se do, déi éischt demo-cd matt 5 fetten stécker. dir wellt méi um courant bleiwwen?: http://membres.lycos.fr/ophidianmetal
vill spass, bis geschwenn,
de fernor vun ophidian.

On March 6th, I got this nice email from Winged Skull's Giordano. Don't forget that it's these guys who are one of the reasons we still have so many cool gigs in and around Luxembourg. Support them!

Winged Skull

Salut Pascal,
ech hun mol bessi duerch deng Emergenza Reviews gelies !

YOU ARE GOD !!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!
see ya rockin' FAT

After my little editorial about the dissolution of CorrXion, I got this really astonishing and absolutely cool email from their ex-bass player Philip. Rock on, guys!

CorrXion

Hey!
hei ass den, naja, nennen mer et mol "Geschwënn Ex-Bassist" vun der Antichristen- an Scum-Band CorrXion! Ech hun echt sehnsüchteg drop gewaard, daß de eis Trennung erwähnen geng, an waat soll ech soën... ech sin iwwerweltegt! Rem absolut genial! Schon alleng fir daat do ze liësen huët et sech gelouhnt sech opzeléisen. Daat do ass wuëlgemierkt lo keng Ironie, och wann sou munchen aanren Ex-Band-Member sëch kräfteg iwwer déi Reviews geiërgert huët, ech muss soën, et war daat bescht an witzegst daat ech je un Musëksreview geliës hun. (also lo nët nëmmen eis betreffend, mee insgesamt)
An dann erwähns de mech tatsächlech och nach an denger Meldung mer hätten eis getrennt. Ech sin sou... wéi soll ech soën? Stolz, vun Gléck erföllt, zudéiwst erfreht... Ech mengen ech drucken mer et aus an hänken mer et iwwer d'Bett ;)
Ajo, du soos du häss gär nach eng leschte Kéier iwwer eis gelaacht: komm den 27.Abrëll op Diddeleng.
Déi Genugtuung, daß du den Grond fir Trennung war's kann ech der lo leider nët gin... och wann ech et wirklech gär gemeet hätt.
Ass eigentlech je engem ausser mir opgefall, daß CorrXion sou wéi et do geschriwwen ass, niemols "Correction" heescht? Wonnert mech, daß de nët doriwwer gelästert huës. Deen Numm ass nähmlech (-- haha, ech sin dähmlech) total sënnlos, sou weit ech daat gesin. Mee bon, sin jo nëmmen Bassist ;)

Ok, KILL POP MUSIC an bis soss eng Kéier

 

Back to Concert Reviews